Sie sind hier

CIGR Syrdall

Gemengerot Question écrite

Ob Ufro vun den DP-Vertrieder hat de Buergermeeschter an der Sitzung vum 25. September 2019 zougeséchert, dass an der nächster Sitzung vun Enn Oktober den Schäfferot géif am Detail zu deenen verschiddenen Rumeuren ëm den CIGR Syrdall Stellung huelen. Op der Convocatioun fir d’Sitzung vum nächste Mëttwoch, 23. Oktober 2019, ass awer kee Punkt virgesinn fir iwwert dësen Dossier ze schwätzen. Dofir hunn d’DP-Vertrieder eng schrëftlech Ufro un den Schäfferot geschéckt mat engem detailléierten Froekatalog zu deenen verschiddenen Reprochen déi am Raum stinn, den Impakt op déi finanziell Kontributioun vun der Gemeng Schëtter an d’Positioun déi d’Vertrieder vun der Schëtter Gemeng an den Gremien vum CIGR Syrdall ageholl hunn. Mir kënnen eis och nëmmen wonneren, dass grad zu dësem Zäitpunkt den Schäfferot schéngt decidéiert ze hunn fir d’Kooperatioun mam CIGR Syrdall nach weider auszebauen, duerch d’Aféieren vum engem “Service d’aide à domicile” ouni dass den Gemengerot bis elo doriwwer informéiert ginn ass oder eng deementspriechend Konventioun approuvéiert hätt. Mir verstinn och net firwat de Steierzueler elo Affekotekäschte bezuele muss fir de Schëtter Vertrieder am Comité oder am Büro vum CIGR hir perséinlech Intérêten ze vertrieden. Si setzen am héchste Gremium vum CIGR a missten do hir Rechter geltend maachen.