Sie sind hier

Communiqué de presse

Gemengewahlen 2017

DEMOKRATESCH PARTEI SCHËTTER  gouf vum Groupement  politique  SCHËTTER BIERGER hannergangen

Bei de Wahlen vum 8. Oktober 2017 goungen DP SCHËTTER mat 4 Sëtz an de Groupement d‘SCHËTTER BIERGER mat 4 Sëtz (zesummen 8 Sëtz vun 11) als kloere Gewënner eraus. D’Bierger aus der Gemeng haten zum Ausdrock bruecht dass déi bestoend Koalitioun zwëschen deenen 2 Parteien sollt weider gefuert ginn. 

DP SCHËTTER as no de Wahlen déi stäerkste Partei mat 32,1 % vun de Stëmmen a 4 Sëtz. Si huet souguer 1,6% bäigeluecht. De Spëtzekandidat vun de SCHËTTER BIERGER hat déi meeschten individuell Stëmmen.

Duerfir hat DP SCHËTTER  bei de Koalitiounsverhandlungen de SCHËTTER BIERGER de Buergermeeschterposten ugebueden, mat der Oplag dass DP als stäerkste Partei déi 2 Posten am Schäfferot géif besetzen.  DP war der Meenung dass domadder de Wielerwëlle respektéiert géif.

Et war ofgemaach, dass haut um Dënschdeg 17 Auer déi nächst Koalitiounsverhandlung tëschent de SCHËTTER BIERGER an der DP SCHËTTER sollt stattfannen. Hannert dem Réck vun der DP hunn dunn d‘SCHËTTER BIERGER e Koalitiounsaccord mat « DÉI GRENG », LSAP a CSV ënnerschriwwen.

DP SCHËTTER  bedauert  zu déifst dës onfair an onéierlech Aktioun vun hirem fréiere Koalitiounspartner.

Vun deenen 3 Parteien mat deenen d‘SCHËTTER BIERGER  eng Koalitioun ofgeschloss hun, hun der 2 bei de Wahlen Stëmme verluer, besonnesch LSAP déi massiv vun 3 op 1 Sëtz erofgerutscht as.

SCHËTTER BIERGER hunn domat de Wielerwëllen massiv mat Féiss getratt an. Si hun eng Front vu 4 Parteien géint de Wahlsieger opgebaut.  

DP SCHËTTER stellt sech Fro wéi effizient d’Geschécker vun der Gemeng kënne geleet ginn mat enger Koalitioun vu 4 Parteien.

DP SCHËTTER wäert sech als Oppositiounspartei konsequent fir den Interessi vun alle Biergerinnen a Bierger asetzen an zoumools waachen dass keng Partikularintressien zum droe kommen.

AnhangGröße
PDF icon communiqué de presse1.pdf65.83 KB