Sie sind hier

Informationspolitik vum Schäfferot

Gemengerot Question écrite

D'Vertrieder vun der DP-Fraktioun sinn elo schonn fir déi 3. Kéier, innerhalb vun deenen 18 Méint zanter den Gemengewahlen, beim Schäfferot intervenéiert fir drop opmierksam ze maachen, dass d'Berichter vun den Gemengerotssitzungen net publizéiert ginn. Et war ëmmer Traditioun, dass den detailléierten Bericht vun enger Sitzung ëmmer virun der nächster Sitzung um Internetsite publizéiert ass. Beim aktuellen Schäfferot ginn et awer deelweis Retard vun 3-4 Sitzungen, also wou iwwert Méint keen detailléierten Rapport publizéiert gëtt. Hei feelt ganz kloer de Wëllen fir eng transparent Informatiounspolitik ze bedreiwen, bei där och d'Meenung vun den Oppositiounsparteien berécksiichtegt gëtt.