Sie sind hier

Logementspolitik

Gemengerot Question écrite

En Vertrieder vun den "Schëtter Bierger" huet an der Sitzung vum 31. Januar 2018 gemengt dass eng Densité vum Logement vun ënner 74,9 Appartementer / hectare sollt akzeptabel soll sinn. D'Zuel vun 74,9 Appartementer / Hectare entsprécht der nationaler Moyenne fir d'Period vun 2004 bis 2010. DP Schëtter wéist drop hin, dass dëst eng national Moyenne ass, woubäi awer fir Schëtter eng Densitéit vun 25,1 bis 35 Appartementer / hectare fir deen Zäitraum gemooss ginn ass. 

Dofir wëll DP-Schëtter eng kloer Stellungnam vum Schäfferot iwwert déi zukünfteg Logementspolitik? Steet déi aktuell Majoritéit nach ëmmer zum Engagement vun engem moderatem Wuesstem wéi dëst vun den Bierger an der Ëmfro zur Neigestaltung vum PAG gefuerdert gouf?