27/02/2018
Gemengerot
Question écrite
DP Schëtter wäert folgend Fro e Mëttwoch den Owend an der Gemengerotssëtzung stellen.
De Schäfferot vun der Gemeng Schëtter wëllt elo der Gesellschaft EIFELHAUS en Terrain vu 6,65 ares gratis oftrieden. D’Gemeng krut versprach, als Kompensatioun vum Terrain, Appartementer an der Residenz ze kréien déi EIFELHAUS wäert bauen.
EIFELHAUS baut déi Residenz awer eréischt wa 50% vun de Wunnengen an där Residenz verkaaft sinn.
Wéini ass déi Konditioun vu 50 % erfëllt.
DP Schëtter mengt dass d’Konventioun déi de Schäfferot mat EIFELHAUS ënnerschriwwen huet , elo schonn en Terrain gratis ofzetrieden, ouni ze wëssen wéini déi Konditioun vu 50 % erfëllt ass, en onberechenbare Risiko fir d‘Gemeng duerstellt.
Si fuerdert dass d’Konventioun mat EIFELHAUS ugepasst gëtt.